Schoulbusbegleeder (H/F/X) - 20 St/w – CDD - Maison Relais Helperknapp - Brouch

Caritas Jeunes & Familles
Job location: 7414 Brouch
Job type: Fixed-term contract Part time
Category: Educator > Nursery/Daycare Educator

Go back

CJF - Grandir ensemble - Zesumme Wuessen

https://www.cjf.lu

 

Zanter 38 Joer engagéiert sech CJF am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir d’Wuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance a.s.b.l. orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun – Zesumme wuessen – ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an d’Erwuesseneliewen: eis Mataarbechter*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen d’Méiglechkeet kritt, sech voll z’entfalen – onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ënnerscheeder.

 

Am Kader vun engem Congé parental siche mir een/eng Schoulbusbegleeder/in fir d’Gemeng Helperknapp.


Äre Profil:


  • Dir hutt Loscht a Motivatioun mat Kanner ze schaffen,a wësst, wéi Dir si am Alldag begleede kënnt,

  • Falls néideg, gitt Dir och fir d’Betreiung vun de Kanner an der Maison Relais agesat,

  • Dir hutt Beruffserfarung an enger ähnlecher Funktioun,

  • Dir besëtzt de Führerschäin Kategorie B.


Mir bidden Iech:

  • Eng attraktiv Pai, déi nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur festgeluecht gëtt (Carrière C2 maximum),

  • E Contrat à durée déterminée bis den 1. Dezember 2025 an Deelzäit (20 Stonnen/Woch),

  • En empathescht a professionellt Aarbechtsëmfeld,

  • Eng positiv Entreprisekultur mat der Méiglechkeet, Deel vun engem multidisziplinären, passionéierten an engagéierten Team ze ginn,

  • En direkten, oder no Ofsprooch méiglechen Ufank.



Ass Bildung Är Beruffung?


Da si mir gespaant op Iech!

Wann Dir Iech fir CJF entscheet, gitt Dir Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit.

Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.

Am Fall vun enger Astellung biede mir Iech, en Extrait vum Casier judiciaire N°3, N°4 an N°5 virzeleeën.

 

Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).




 

Go back

64, rue Charles Martel
L-2134 Luxembourg
Contact person
Service RH

Go back

Did you apply for this job?

Schoulbusbegleeder (H/F/X) - 20 St/w – CDD - Maison Relais Helperknapp - Brouch at Caritas Jeunes & Familles

Go back

Zum Seitenanfang springen
Apply